
Eise Chef - Uilson Castro
De Uilson Castro staamt urprénglech vu Schëffleng, wou en am lokale Museksveräin éischt Musikalesch Schrëtt gemach huet, parallel vu senger Ausbildung am Escher Conservatoire.
Nodeems hie laang am Privatsecteur täteg war, huet hien décidéiert sech ganz senger Leidenschaft, der Musek ze widmen a gouf zu Bern (CH) an der Konschthéichschoul ugeholl.
An der Klass vum Thomas Ruedi huet hien Euphonium studéiert a beim Rolf Schumacher Direktioun. Wärend sengem Studium an der Schwäiz konnt hien och mat verschidde Formatiounen Direktiounserfarunge sammele, vun Blosochester, iwwert d’Brass band bis hin zum Sträichorchester.
Säit dem September 2023 ass de Uilson Dirigent vun der Garnecher Musek a vun der Harmonie Municipale Rolléngergronn.
Aktuell ass den Uilson als Enseingant zu Iechternach, am Escher Conservatoire an a regionale Museksschoulen ze fannen.

Eis Cheffin - Olivia Moreira
D'Olívia Moreira, aktuell d'Dirigentin vun eisem Mini-Orchester, 24 Joer al, huet Musek studéiert a schléisst am Joer 2025 hiren Master am Fach Waldhornspill un der Hochschule für Künste Bremen of.
D'Olivia ass zesumme mat verschiddenen Orchesteren a ganz Europa opgetrueden, dorënner mam Philharmonisches Orchester Bremerhaven an Däitschland, dem Mediterranean Orchestra a Frankräich, dem Symphony Orchestra Bari an Italien an dem Gulbenkian Orchestra a Portugal.

