top of page
Logo vector.png

Harmonie municipale Rollingergrund

  • Instagram
  • Facebook
  • Youtube
HarmoRol Gala 2025

Eis Geschicht

harmorol histo.jpeg

„Et kann net sinn, datt mir Quartier keng eege Musek hunn, fir eis lokal Manifestatioun ze encadréieren!“

Mat deem Gedanken hunn sech eng Rëtsch Pionéier dru gemaach, 1946 d’Fanfare Rollengergronn op d’Been ze stellen. 

 

Et hu misse Musikanten an Instrumenter fonnt Ginn, natierlech och e Chef. Relativ schëtzeg war eng Ekipp zesummen. De 16. Juni 1946 sinn 21 Musikanten den Hämmelsmarsch spille gaangen, an hunn een éischte finanzielle Fong fir déi nei Musek gesammelt.

 

Déi offizielle Grënnungsversammlung war e Mount méi spéit, den 10. Juli 1946. Elo hat déi rollengergrënnesch Musek eng fest Basis, op där konnt opgebaut ginn.

 

Zanterhir gëtt et fir d’Harmonie Rollengergronn, wéi se sech vun 1954 un nennt, eng Partie Konstanter, déi derfir suergen, datt Traditioun a Fortschrëtt, datt Bestännegkeet a Weiderkommen sech ni ausschléissen.

 

Deen éischte wichtegen Entwécklungsschrëtt war den Iwwergang vun der Fanfare op d’Harmonie. Holzblosinstrumenter koumen derbäi, hunn net just den Effektiv erhéicht, mee vrun allem nei Klangfaarwe bruecht an d’Méiglechkeet, de Repertoire ze erweideren. D’Konstant derbäi war deen éischte Chef, de Mely Schumacher, deen sech eréischt zeréckgezunn huet, wéi och dës Etapp gemeeschtert war.

 

Säin Nofollger, de Jean Genson, huet sech vrun allem ëm den Nowuess bekëmmert. Hien huet mat jonke Musikante virun der Prouf geschafft an se och scho mat Zäiten op d’Pult geholl. Esou koum et, datt an der Harmonie Rollengergronn Jonk an Al, Ufänger an erfuere Musikanten net just zesumme Musek gemaach hunn, mee de Veräin weider wuesse gelooss hunn. 23 Joer huet de Jean Genson d’Harmonie Rollengergronn dirigéiert. No sengem onerwaarten Doud iwwerhëlt de Gilbert Holzem de Posten. Nei Iddien, neie Repertoire, nei Manéier fir ze schaffen - jonk Musikante wuessen ëmmer méi an d’Verantwortung, wat schliisslech duerzou féiert, datt 1992 mam Roland Schiltz e Klarinettist aus den eegene Reien neien Dirigent gëtt.

 

All dës musikalesch Entwécklunge wieren net méiglech gewiescht, wann net hannendrun e Comité gestan hätt, deen dat alles matgedroen hätt a mat vollem Engagement derfir gesuergt huet, datt d’Musek och materiell ëmmer gutt fonctionéiert huet - an dat mat Hëllef vu villen Fräiwëlleger, Frënn vun der Harmonie, déi ëmmer nees eng Hand mat upaken.

 

Baler goufen organiséiert, Theater gespillt, spéider waren et Thé dansant, Grille beim Cactus, Catering beim Tour de Luxembourg, een Terrassefest, Hierken- a Racletteowenter…

 

Och hei hunn dacks missen nei Iddien hier. Esou hu fréier Membere vun der Harmonie 1986 eng Amicale gegrënnt, déi d’Musek bis haut mat ënnerschiddlechstem Material ënnerstëtzt:  vun Instrumenter, Poloen bis Zelter a Frigoen.

 

Konstant nei Projeten, fir d’Harmonie musikalesch ëmmer weiderzebréngen, hunn och den Ivan Boumans an den aktuelle Chef Uilson Castro entwéckelt.

 

D’Harmonie huet sech grad an deene leschten 20 Joer internationaliséiert. Antëscht sinn d’Prouwe méisproocheg an d’Musek déi gemeinsam Sprooch. Eng flott Entwécklung, hannert där sech awer och eng nei Erausfuerderung verstoppt: Et feelt un Nowuess, u jonke Musikanten. Mee och do ginn d’Hänn net einfach an de Schouss geluecht: Zanter kuerzem gëtt et e Jugendorchester, dee wuel nach an de Stong stécht. Mee ween näischt Neies ufänkt, dee kann um Enn och seng laang Traditioun net retten!

bottom of page